Däitschland huet nei Streamingzuelen eraus bruecht an do huet de Capital Bra een neie Rekord opgestallt.

Mat 1,4 Milliarden Streams huet de Capital Bra di fréier Nummer 1 Ed Sheeran iwwerholl an ass domat deen meescht gestreamten Interpret an Däitschland. De Vladislav Balovatsky, wéi de Kënschtler mat biergerlechem Numm heescht, stellt domat een neie Rekord op. Di meescht gestreamte Kënschtlerin an Däitschland ass iwwregens d’Rihanna.

Dem Capital Bra seng aktuell Single „Cherry Lady“ ass mat 11,5 Millioune Plays dee meescht gestreamte Song bannent enger Woch. D’Songs vum Rapper goufen an Däitschland iwwer 66 Millioune Mol opgeruff– sou d‘„Gesellschaft fir Konsumfuerschung“, déi di „Offiziell Däitsch Charts“ ermëttelt.