De Shawn Mendes huet säin Hit “If I Can’t Have You” eigentlech fir d’Dua Lipa geschriwwen. Dat huet de Sänger an enger Show erzielt.

Hien war deemools am Studio an huet d’Lidd um Piano gespillt a geduecht dass zimlech cool wier fir d’Dua Lipa. Nodeems hien d'Lidd awer e puer Mol héieren hat, huet hien decidéiert „If I Can’t Have You“ selwer ze sangen.Dat sot de Museker an der Apple Music Beats 1-Show „Best of the Week“.

Dat war net dat eenzegt Geheimnis wat de Sänger verroden huet. An enger Froeronn op twitter huet hien zum Beispill zouginn dass hien et mat der Kierperhygiène net ëmmer sou genee hëlt. Säi Gesiicht géing net wäschen, sot de Shawn Mendes. Par konter géing hien vill meditéieren. Dat wier a sengen An di bescht Gesiichtsfleeg.