„Panic! At The Disco“ goufen an hirer Heemecht Las Vegas mat engem Präis ausgezeechent.

Panic! At The Disco kréien de Moment ee Präis nom aneren - an hir aktuell „Pray For The Wicked“-Tour brécht souguer bandeege Rekorder. An elo koum ee weideren Highlight dobäi: de Sänger Brendon Urie krut de Schlëssel vu senger Heemechtsstad Las Vegas iwwerreecht, also symbolesch. Eng grouss Éier déi virdrun och Elvis Presley a Madonna haten.

Virdrun haten d’Jonge vu Panic! At The Disco hu mat hirem Hit “High Hopes” schonn e Rekord opgestallt. Den Titel war 15 Wochen hannerteneen op Plaz 1 vun de Radio-Airplay-Charts . Domat huet sech de Song esou laang op Plaz 1 gehalen, wéi keen anert Lidd an de leschten 10 Joer.