Op sengem 31. Gebuertsdag huet d’Adele gëschter op Instagram e Message gepost an dobäi ugedeit dass hatt un engem neien Album schafft.

D’Adele mécht sech op Instagram Gedanken iwwert säin Alter an huet am selwechte Post ugekënnegt dass een neien Album mam Titel „30“ ganz geschwënn kéint eraus kommen. Weider schreift d’Sängerin dass et sollt en Drum’n‘Bass Album ginn, wat awer wuel als  Witz gemengt war. Dass neit Material ënnerwee ass, dierft awer duerchaus stëmmen. Säi leschten Album huet d’Adele 2015 eraus bruecht.