Mat sengem neien Studioalbum “Madame X“ geet d’Madonna am Hierscht op Tour. Als éischt geet et duerch d’USA an dono steet Europa um Programm.

Nom geplangten Optakt zu New York sinn ënner anerem Optrëtter zu Chicago an zu Los Angeles geplangt. Ufank 2020 wëllt d’Madonna dann och zu Lissabon, London a Paräis op der Bühn stoen. D’Madonna wëllt wéi hatt an engem Video verréit, een „intiimt Erliefnis“ mat senge Fans hunn. D’Concerten géingen net a groussen Halen, mee an Theaterreim ofgehale ginn. D‘Ticketen sollen tëscht 60 a 760 Dollar kaschten.

Dem Madonna säin neien Album „Madame X“ soll de 14. Juni eraus kommen. Et ass dee 14. Studioalbum no „Rebel Heart“ vun 2015.