De Queen-Museker Brian May huet jonk Kënschtler opgefuerdert, ee Concert fir de Klimawandel z'organiséieren.

De Brian May hofft, dass hien op engem grousse karitative Concert ka Suen sammelen fir de Problem vum Klimawandel unzegoen. De Gittarist war 1985 beim Original Live Aid dobäi an huet mat Queen déi wuel berühmtste Show vun hirer Carrière gespillt. De Museker huet awer gläichzäiteg gewarnt, dass de Problem vum Klimawandel esou grouss wier dass souguer ee Concert wéi Live Aid net grouss genuch wier.