Den Justin Bieber huet net just eng Single um Start, mee schafft och un engem gemeinsame Projet mat Youtube.

E Freideg bréngt den Justin Bieber jo seng Comeback-Single „I Don’t Care“ eraus, ee Lidd wat vum Ed Sheeran geschriwwen a produzéiert gouf.  Een Extrait vum Lidd kann ee schonn op sengem Instagram-Account lauschteren. Hien huet awer nach ee weidere Projet mat Youtube um Start. Wéi d’Videoplattform engem Communiqué matdeelt,  schafft den Justin Bieber de Moment un enger Iddi, déi allerdéngs nach „streng geheim“ wier. Eréischt 2020 sollen d’Opnamen verëffentlecht ginn.

View this post on Instagram

@teddysphotos

A post shared by Justin Bieber (@justinbieber) on