De Marshmello huet de Moment en Hit mat der Single „Happier“. een anere Kënschtler behaapt awer elo, en hätt bei him geklaut

Eng Plainte géint de Marshmello gemaach huet den DJ Arty, deen selwer ee Remix vum One Republic Song “I Lived” gemaach huet. Hien behaapt, dass dem Marshmello seng Single „Happier“ bal d’selwecht kléngt wéi säi Remix. De Marshmello huet sech bis ewell net zu de Virwërf geäussert.

Den Arty huet säi Remix am Joer 2014 eraus bruecht. D’Lidd huet et op Plaz 2 vun de Billboard Hot 100 gepackt an as 35 Wochen an den Charts bliwwen. Den Titel gouf 4 Millioune Mol op Youtube gekuckt.

De Marshmello Song „Happier“ koum 2018 eraus  an notéiert bis haut méi wéi 335 Millioune Streams op Youtube.