Imagine Dragons hunn de Moment mat "Bad Liar" en Hit, dono dierft et ronderëm d’Band awer méi roueg ginn.

Imagine Dragons hunn eng musikalesch paus ugekënnegt. Allerdéngs wäert d’Band virdrun nach e groussen Optrëtt hunn- an zwar wäerten Imagien Dragons den 1. Juni beim UEFA-Championsleague Finale zu Madrid live optrieden.  Dono wëllen d’Museker sech selwer an och dem Rescht vun der Welt eng Paus vu sech gënnen.,  Wéi laang déi Paus wäert sinn, wësse si nach net.  Dat kann ee Joer sinn , oder 5 Joer, seet de Frontmann Dan Reynolds.