Den Ed Sherean stellt an den Charts ëmmer nei Rekorder op, an dee Succès spigelt sech och a sengem Verméigen erëm.

D’Zeitung „Sunday Times“ bréngt all Joer eng „Rich List“ eraus mat de räichste Promi’en a Groussbritannien n huet elo d’Zuelen fir 2018 verëffentlecht. Am Joer 2018 konnt den Ed Sheeran säi Verméigen vun 80 Milliounen op 160 Millioune Pond verduebelen. Domat huet de britesche Museker elo d’Adele iwwerholl, wat op ee Verméigen vun 150 Millioune Pond kënnt.  Am Gesamtklassement lant den Ed Sheeran domat  op Plaz 17, d‘Adele op Plaz 22. Un der Spëtzt vum Klassement ass iwwregens de britesche Komponist Andrew Lloyd Webber mat 820 Millioune Pond,