Dem Kanye West säi Wierk ass och d'Wierk vu Gott. Déi nächst Etapp: De Sänger organiséiert eng XXL-Mass an engem Baseball-Stadion.

Säi leschten Album „Jesus is King“ war vu Gott héchstperséinlech inspiréiert, esou de Kanye West. Fir de Message an der Welt weider ze verbreeden, trëtt hie reegelméisseg live op.

Well seng Concerte souwisou net méi vun enger Mass an der Kierch ze ënnerscheede sinn, mécht de Kanye et elo offiziell: De Sänger wäert den 2. Mee 2020 selwer eng Mass op d’Been stellen. An zwar net an enger Kierch, dat huet hie scho viru kuerzem gemaach, mee direkt an engem risege Baseball-Stadion. 54.000 Mënsche passen an de Stadion vun den New York Yankees.

Hien hält d’Mass zwar net selwer, wäert awer mat sengem Chouer sangen.