© Angela Weiss / AFP
Den ASAP Rocky huet elo säin 1. Concert gespillt, nodeems hien am Summer fir 4 Wochen a Schweden am Prisong souz.
A genau an deem Land huet hien och säin 1. Optrëtt zanter Méint higeluecht. Opgetrueden ass de Rapper zu Stockholm. Net nëmmen d’Stad huet u säin Openthalt am Prisong erënnert, dee ganze Concert stoung souzesoen ënnert deem Motto. D’Bün huet nämlech ausgesinn, wéi eng grouss Prisongs-Zell.
D'Suen, déi bei der Show erakomm sinn, wëll den ASAP Rocky fir Organisatioune spenden, déi sech fir d'Rechter vun Awanderer asetzen.