D’Dua Lipa huet haut iwweraschend e ganz neie Song erausbruecht.

„Future Nostalgia“ heescht den nächsten Album vum Dua Lipa, deen d’nächst Joer erauskomme soll awer nach kee genaue Release-Datum huet. Elo ass den Titelsong vum Album, mat deem selwechten Numm, ganz frësch dobaussen.

Via Instagram deelt d’Sängerin mat: „Hei ass eppes fir iech d’Waardezäit bis den Album ze verkierzen. Et ass e verspillt a witzegt Lidd an hëlt sech net ze eescht.“