Nodeems d’Selena Gomez scho mat engem Album-Trailer an dem Release-Datum Loscht op méi gemaach huet, steet elo den definitiven Numm fest.

Aus SG2, also dem Selena Gomez säin 2. Studio-Album, ass elo knapp ee Mount virum Release den 10. Januar “Rare” ginn. Dat huet d’Sängerin an Ex-Disney-Schauspillerin gëschter um spéiden Owend bei Instagram verroden.

Och den offiziellen Artwork huet hat senge Fans schonn gewisen. Weider versprécht hat sengen ronn 163 Millioune Follower, dass et déi éierlechst Musek ass, déi dat 27-Järegt jemols produzéiert huet.

Sieh dir diesen Beitrag auf Instagram an

✨💖RARE💖✨

Ein Beitrag geteilt von Selena Gomez (@selenagomez) am