En ale Bekannten ass zeréck. De Gittarist John Frusciante ass no 10 Joer nees en Deel vun de Red Hot Chili Peppers.

2009 hat hien déi kalifornesch Rock-Band verlooss, elo ass hien no ronn engem Joerzéngt nees zeréck. Gläichzäiteg verléisst den Josh Klinghoffer d’Red Hot Chili Peppers. Dat huet d’Band um Sonndeg op Instagram verroden.

An dat wäert d’Fans freeën: Déi erfollegräichste Lidder wéi „Californication“ a „Stadium Arcadium“ sinn eraus komm, wou de Gittarist nach dobäi war. Et ass awer net déi éischte Kéier, dass den John Frusicante säi Comeback feiert. Schonn 1998 war hien no e puer Solo-Projeten zeréckkomm.