© Daniel LEAL-OLIVAS / AFP
De Sam Smith huet mat „In The Lonely Hour“ deen erfollegräichsten Debüt-Album a Groussbritannien vun dësem Joerzéngt produzéiert.
Nieft den US-Charts sinn et déi brittesch Charts, déi international en héije „Standing“ hunn. Deementspriechend houfreg weist de Sam Smith sech senge Fans géigeniwwer bei Instagram. „E grousse Merci un all eenzel Persoun, deen Deel vun deem Album war a mech schonn 2014 ënnerstëtzt huet.“, sou de Sänger.
101.700 Verkeef waren et an der éischter Woch, mëttlerweil huet sech „In The Lonely Hour“ méi wéi 2,5 Millioune mol verkaaft.
Op der 2 steet den Ed Sheeran mat „+“, déi 3. Plaz geet un d’Emeli Sandré mat “Our Version Of Events”.