© Eldoradio
De Lewis Capaldi huet ouni Zweiwel e gutt Joer hannert sech. Dat gesäit och de Magasinn "Music Week” esou, dat hien zum Kënschtler vum Joer gekréint huet.
Mat Lidder wéi "Someone You Loved", “Hold Me While You Wait” a viru Kuerzem “Before You Go” huet de Lewis Capaldi e staarkt musikalescht Joer hannert sech. Säin internationalen Duerchbroch ass him definitiv gelongen, ofgehuewen ass den 23-järege Sänger awer net.
Hien ass gär no u senge Fans, an déi Mëschung aus Talent a guddem Charakter huet de Choix zum "Kënschtler vum Joer“ fir d’Zäitschrëft "Music Week“ net schwéier gemaach. De Capaldi bleift trotzdeem wéi gewinnt roueg a seet hien hätt einfach verdammt vill Gléck.