© Valerie MACON / AFP
No 25 Joer huet “All I Want For Christmas Is You” et endlech gepackt. De Kult-Chrëschtdags-Song vum Mariah Carey steet fir déi alleréischte Kéier op Plaz 1
“Mir hunn et gepackt“, esou d’Mariah Carey bei Twitter. Direkt duerno en Emoji dee kräischt an een dee feiert. Et ass erstaunlech, mee et huet e véierel Joerhonnert gedauert bis "All I Want For Christmas Is You” et bis ganz uewen an den amerikanesche Single-Charts gepackt huet.
Dat ass awer bei wäitem net deen éischten "Nummer 1"-Hit vun der Sängerin. 18 aner Lidder vum Mariah Carey haten et schonn op den Troun gepackt. Lescht Joer war de Song schonn op Plaz 3 gelant, daucht wärend der Chrëscht-Zäit reegelméisseg an den Charts op.
1994, deem Joer an deem d’Lidd erauskomm ass, ass just Plaz 12 erausgesprongen.