Déi lëtzebuergesch Band Cheak! huet elo de Museksvideo vun hierem Lidd "Like That" verëffentlecht.

Cheak! sinn eng lëtzebuergesch Band, déi hier Energie a Motivatioun dora stiechen, Pop-Musek, wéi mir se kennen, nach e Schrëtt weiderzebréngen. Dofir spille si vill mat Indie-Elementer. 2 Joer no hirer Grënnung produzéiere si mëttlerweil e flotten Indie-Pop.

Hannert Cheak! sti 4 motivéiert Jonker, déi elo fir hire neiste Song "Like That" dee passende Museksvideo erausbruecht hunn. Passend bei d’Chrëschtdagsstëmmung geet et em den Zesummenhalt an dass een dat Positiivt am Liewe soll gesinn.