© CHRIS DELMAS / AFP
D’Miley Cyrus ass no senger Stëmmband-OP erëm fit an huet direkt mol eng Band gegrënnt.
D’Miley Cyrus kann no senger Operatioun um Stëmmband nees sangen. Dat wäert hat och an Zukunft nach méi wéi genuch maachen. An zwar net nëmmen als Solo-Kënschtlerin, mee wuel och als Member vun enger Band, déi aus dem Miley a sengem Frënd, dem Cody Simpson, besteet.
Schonn Ufank Dezember hat den australesche Sänger erzielt, dass déi zwee u gemeinsame Songs schaffen a musikalesch op enger Wellelängt leien.