© SHAUN CURRY / AFP
2011 ass d’Amy Winehouse mat 27 Joer verstuerwen. Elo ginn honnerte Géigestänn vun der Sängerin fir e gudden Zweck versteet.
Schong, Bijouen an aner perséinlech Géigestänn vum Amy Winehouse, dat 2006 mat sengem Album Back to Black den internationalen Duerchbroch gepackt hat, kommen an Zukunft ënnert den Hummer. 2 Deeg laang soll d’Auktioun daueren, dat awer eréischt am November 2021, wéi d’Auktiounshaus Julien’s Auctions verroden huet.
De ganzen Erléis gëtt un d’Amy-Winehouse-Stëftung gespent. Déi setzt sech dofir an, dass Jugendlecher virun Alkohol- an Drogemëssbrauch geschützt ginn.
Virdru ginn d’Objeten awer nach op Welt-Tour. Den Optakt mécht eng Ausstellung am Grammy-Musée zu Los Angeles.