© ANGELA WEISS / AFP
D’Camila Cabello huet en historesche Rekord opgestallt.
Mat hirem Lidd "Señorita" hunn d’Camila Cabello an de Shawn Mendes ouni Zweifel e groussen Hit produzéiert. Zanter deem den Track am Juni erauskomm ass, gouf d’Summerlidd vum Joer 2019 scho méi wéi 1,07 Milliarde mol op der Musek-Plattform Spotify gestreamt.
Domat ass d’Camila Cabello déi éischte weiblech Kënschtlerin, déi zanter deem Spotify 2006 gegrënnt gouf, dee meescht-gestreamte Song vun engem Joer gesongen huet.