Den Ed Sheeran huet laang e Geheimnis em seng Hochzäit gemaach. An engem Museksvideo vum Sänger gëtt een awer elo den exakten Datum gewuer.

Den Ed Sheeran schwätzt net gär iwwert seng Privatsphär, dofir léisst hien dat einfach de Museksvideo vun "Put It All On Me" maachen. An enger Zeen gesäit een hie mat senger Fra. Ze gesinn ass an deem Moment och en Text, deen hier gemeinsam Geschicht erzielt: Wéi si sech an der Schoulzäit kennegeléiert hunn, kuerz drop awer aus den Ae verluer hunn.

Nodeems hier Weeër sech nees gekräizt hunn, steet do, dass den Ed an d’Cherry sech am Januar 2019 bestuet hunn. Do gesäit ee firwat Museksvideoen och haut nach gutt kënne sinn. Mat "Put It All On Me" ass säin Album No. 6 Collaborations Project elo offiziell ofgeschloss.