D’Ariana Grande huet seng Fans um Schluss vu senger Welt-Tour mat engem neie Live-Album iwwerrascht.

Just e puer Stonnen no sengem leschten Optrëtt am Kader vu senger "Sweetener"-Tour zu Los Angeles huet d’Ariana Grande en neien Album erausbruecht. Dëse Live-Album huet de flotten Numm "k bye for now (swt live)".

Wéi et bei engem Live-Album üblech ass, fanne sech dorop vill Opname vun der vergaangener Tour, dorënner Hits wéi „"God Is A Woman", "Sweetener" an "7 Rings".

Op Twitter huet d’Sängerin sech bei senge Fans bedankt - och fir d’Ënnerstëtzung wärend där Phase an där d’Grande huet misse Concerte wéinst gesondheetleche Problemer ofsoen.