Den Ed Sheeran huet eng karitativ Organisatioun gegrënnt, déi sech fir jonk musikalesch Talenter asetzt.

Den Ed Sheeran huet seng Divide Tour elo op en Enn bruecht an eng musikalesch Paus ugekënnegt. Dat bedeit awer net, dass hien an nächster Zäit guer näischt maache wäert. Mat senger viru kuerzem gegrënnter Ed Sheeran Suffolk Music Foundation huet hie sech d’Ziel gesat Museker ënner 18 Joer mat klenger, awer wichteger finanzieller Ënnerstëtzung ze hëllefen, grouss eraus ze kommen.

Mat deene Sue sollen Instrumenter, mee och de Studium an de Gesang-Cours bezuelt ginn. De Grond firwat des Organisatioun grad zu Suffolk aktiv ass, ass einfach: De Sänger ass an där Géigend opgewuess.