© YouTube Screenshot
D’Ariana Grande huet e gutt Joer hannert sech. 2019 geet fir d‘Sängerin souguer mat engem Rekord op en Enn.
Wéi de Weltverband vun der Phonoindustrie matgedeelt huet, hu sech d’Singlen vum Ariana Grande am Joer 2019 weltwäit 79 Millioune mol verkaf. Nach ni virdrun huet eng weiblech Kënschtlerin der méi verkaf. Och d’Ariana Grande krut dat natierlech mat an huet senge Fans op Instagram Merci gesot.
Et ass awer net deen eenzege Rekord, deen dat 26-Järegt 2019 opgestallt huet. D’Top 3 vun de Billboard Hot 100 waren am Februar nëmme mat Lidder vum Grande besat. Dat hate fir di leschte Kéier d’Beatles viru méi wéi 50 Joer hikrut.