© AFP Mariah Carey
Den Twitter-Account vum Mariah Carey ass op Silvester gehackt ginn, wärend d’Sängerin e "Powernap" gehalen huet.
D’Chrëschtdagszäit ass eriwwer, trotzdeem gëtt nach iwwer d’Mariah Carey geschwat. D’Joerzéngt ass fir d’Sängerin nämlech manner schéin op en Enn gaangen...
Op Silvester gouf säin Twitter-Account gehackt. Seng méi wéi 21 Millioune Follower hu materlieft, wéi ee rassisteschen oder beleidegenden Tweet nom anere vun onbekannten Hacker gepost gouf. Ronn 50 Noriichte waren et, ënner anerem ass vum "Chuckling Squad" rieds, e Grupp, dee fir d’Hacke vu Promi-Accounts bekannt ass.
An d'Mariah Carey? Dat huet wärend dem virtuellen Ugrëff friddlech viru sech hi getompt. No 20 Minutte waren d’Tweets awer nees geläscht. "Ech maachen eng kleng Siesta an da geschitt esou eppes?", sou d’Mariah Carey.