© YouTube Screenshot
Den Justin Bieber, dee säi grousse Comeback an dësem Joer feiert, huet en 1. Trailer vu sengem Documentaire verëffentlecht.
Nieft enger neier Single, déi um Freideg erauskënnt, huet den Justin Bieber fir 2020 säin éischten Album zanter 2015 an eng Tour duerch Nordamerika ugekënnegt. Domat awer net genuch: An enger Doku-Serie mam Numm Justin Bieber: Seasons kann ee vun Enn Januar un hannert d'Kulisse kucken. Haaptsächlech geet et em déi Zäit kuerz virun deem den Justin Bieber seng Tour am Summer 2017 ofgebrach hat an natierlech d'Grënn dofir. Wéi den Justin nees op de richtege Wee fonnt huet, intresséiert zanter hier all Fan.
Äntferten an déif Ablécker an dem Justin Bieber säi Liewe kritt een dann de 27. Januar op YouTube. Elo ass en 1. Trailer erauskomm, an deem een nieft e puer Szeenen och schonn an de neie Song "Yummy" eralauschtere kann.