D’Joerzéngt ass eriwwer an och an Däitschland gouf gekuckt, wéi eng Alben a Singlë sech an de leschten 10 Joer am beschte verkaf hunn.

Et war ze erwaarden respektiv ze befierchten, elo ass et Fakt: keen Album huet sech tëscht 2010 an 2019 méi dacks verkaf wéi "Farbenspiel" vum Helene Fischer. Dat huet d’Maartfuerschungsinstitut GfK Entertainment, dat och déi offiziell däitsch Charts ermëttelt, matgedeelt. "21" vum Adele steet nëmmen op der 4.

01. Farbenspiel – Helene Fischer
02. Große Freiheit – Unheilig
03. Weihnachten – Helene Fischer
04. 21 – Adele
05. Best Of – Helene Fischer
06. 25 – Adele
07. Helene Fischer – Helene Fischer
08. MTV Unplugged - Live aus dem Hotel Atlantic – Udo Lindenberg
09. Palast der Republik – Die Toten Hosen
10. Muttersprache – Sarah Connor

Den Hit vum Joerzéngt an Däitschland kënnt mat "Shape of You" vum Ed Sheeran. Plaz 2 geet bei de Singlen un "Despacito" vum Luis Fonsi. An och hei ass d’Helene Fischer net aus den Top 3 ewechzedenken. "Atemlos durch die Nacht" war dat 3. erfollegräichst Lidd vum Joerzéngt an Däitschland.

01. Shape Of You – Ed Sheeran
02. Despacito – Luis Fonsi feat. Daddy Yankee
03. Atemlos durch die Nacht – Helene Fischer
04. Wake Me Up – Avicii feat. Aloe Blacc
05. Perfect – Ed Sheeran
06. Faded – Alan Walker
07. Was du Liebe nennst – Bausa
08. Happy – Pharell Williams
09. Ai Se Eu Te Pego – Michel Telo
10. Auf uns – Andreas Bourani