E Sonndeg den Owend - ee weideren Top Concert um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: Freya Ridings.
D'Freya Ridings ass 2018 duerch d'TV-Serie "Love Island" bekannt ginn - net well hat do matgemaach huet, mee well säi Lidd "Lost Without You" an enger Folleg gelaf ass. Mëttlerweil ass hat de Shooting-Star aus der brittescher Museks-Zeen a gëtt mat grousse Stëmmen ewéi Tori Amos oder Kate Bush verglach. No zwee Live Alben - "Live At St Pancras Old Church" (2017) an "Live at Omeara" (2018) - huet hat de 27. Juli 2019 säi Studio-Debut-Album mam Titel "Freya Ridings" erausbruecht.
Nodeems d'Freya Ridings den Album schonn Enn 2019 op senger UK-Tour presentéiert hat, kënnt hat de 27. Januar och bei eis op Lëtzebuerg an den Atelier - Ticketen ginn et nach um Site vum Atelier. Dee Concert ass gläichzäiteg den Optakt vum zweeten Deel vun der Tour, op där hat och ënnert anerem zu Amsterdam, Bréissel oder Frankfurt optriede wäert.
Erlieft d'Freya Ridings live bei eis am Programm: E Sonndeg den Owend vun 20h00 un um Eldo a via Livestream op eldo.lu an an der App.