© CARSTEN REHDER / DPA / AFP
Um Donneschdeg hu verschidden US-Medie gemellt, dass den Ozzy Osbourne um Stierwe läit. Dës Falschmeldung kontert de Museker mat Humor.
An d’Welt gesat hat des Gerüchter d’Online-Portal "Radar Online". Dat huet behaapt, dass den Ozzy säin Haus zu Los Angeles net méi verloosse géif, viru lauter Péng säi Verstand verluer hätt a just nach op säin Dout waarde géif. Gëschter um Donneschdeg huet d’Kelly Osbourne, Duerschter vun der Musekslegend scho gesot, dass des Noriicht "Bullshit" wier.
An och den anscheinend schwéierkranke Museker selwer huet sech bei Instagram zu Wuert gemellt: "Hutt dir a leschter Zäit gutt Noriichte gelies?" Säi Jong Jack huet kommentéiert: "Ech hu gemengt du läis um Stierwen, wat mëss du?" D’Famill Osbourne beweist Humor.