© JUSTIN TALLIS / AFP
D'Ellie Goulding huet säi 4. Album ugekënnegt, deen dëst Joer erauskomme wäert.
D’Waarden huet en Enn. 4 Joer nom Release vu sengem leschten Album Delirium am Joer 2015 kréie Fans vun der Sängerin deemnächst neit Fudder vum Ellie Goulding geliwwert. Op Twitter huet déi brittesch Kënschtlerin ugekënnegt, dass den Album 2020 erauskomme soll.
Am schlëmmste Fall kann et also nach eng gutt Zäitchen daueren, bis dem Goulding säi 4. Studio-Album erauskënnt. Och den Numm steet nach net fest respektiv gouf eis nach virenthalen.