© Ferdy Damman / ANP / AFP
D’Bëschbränn an Australien suerge weider dofir, dass Mënsch an Déier keen Doheem méi hunn. D’Sängerin Pink huet elo 500.000 US-Dollar gespent.
D’Feiere sinn nach laang net geläscht an och op Reen gëtt an Australien verzweiwelt gewaart. Dowéinst geet eng Solidaritéits-Well em d’Welt, an och d’Staren aus Film a Musek drécken hier Ënnerstëtzung aus. Sou och d’Pink, dat elo 500.000 US-Dollar un australesch Pompjeë gespent huet, fir dass déi d’Bränn méi séier an de Grëff kréien.
"Ech sinn entsat ze gesinn, wat d’Bëschbränn an Australien uriichten" schreift hat op Instagram ënnert eng Foto, op där ee verschidde Méiglechkeete gesäit, fir selwer ze spenden.