© YouTube Screenshot
D'Hayley Williams vu Paramore geet deemnächst als Solo-Kënschtlerin un de Start. Et kann ee sech endlech op e konkreten Dag freeën.
D’Hailey Williams, Sängerin vun der Alternative-Rock-Band Paramore, wäert 2020 niewebäi seng éischt Musek als Solo-Kënschtlerin verëffentlechen. De Projet nennt sech Petals For Armor an huet elo eng eege
kritt, op deem ee bis op en 3 Sekonne laangen Teaser näischt gesäit. Am kuerze Clip steet mam 22. Januar awer wéinstens den Datum, op deem dat éischt Solo-Material vun der Sängerin erauskënnt.
Och offline gëtt um Hype gebastelt: An e puer Stied an den USA sinn iwwer Nuecht Poustere vum neie Solo-Projet opgedaucht.