© ROBYN BECK / AFP
D’Beyoncé bréngt mat sengem Kleeder-Label elo eng geschlechtsneutral Kollektioun eraus.
2016 huet déi 38-järeg Sängerin d’Kleedermark Ivy Park gegrënnt. Och 3 Joer duerno gëtt sech d’Beyoncé ëmmer nach Méi als Designerin: Hat bréngt den 18. Januar zesumme mat Adidas eng Unisex-Kollektioun op de Maart. Moud also, déi souwuel fir Männer, wéi och fir Frae konzipéiert gouf.
Et ass déi éischt Kollektioun un där d'Sängerin direkt bedeelegt ass. Wéi d’Beyoncé selwer seet, wollt hat eppes designen, dat un déi geriicht ass, déi d’Stäerkt vun engem individuelle Stil erkennen a fräi a couragéiert liewen.