Neit Joer, nei Hoer. D’Miley Cyrus huet awer net nëmmen eng nei Frisur, mee virun allem nei Musek fir 2020 ugekënnegt.

Op senger Instagram-Säit gesäit een déi 27-järeg Sängerin déi éischte Kéier mat senger neier, méi kuerzer Frisur. Drënner steet: "Nei Hoer, neit Joer, NEI MUSEK". Konkret Datumer, wéini säi potenzielle 7. Album oder nei Singlen erauskommen, huet hat leider keng matgedeelt.

Seng lescht Single ass nach guer net esou laang hier: No Slide Away huet hat mat Don’t Call Me an Angel zesumme mam Ariana Grande a Lana Del Rey de Soundtrack fir Charlie’s Angels produzéiert.

View this post on Instagram

New hair. New year. NEW MUSIC. 💀

A post shared by Miley Cyrus (@mileycyrus) on