D’Bëschbränn an Australien dominéieren d’Schlagzeilen. Och den Elton John ka sech dat net méi einfach esou ukucken. Hien huet 1 Millioun Dollar gespent.

Och den Elton John huet elo seng Verbonnenheet mat Australien ausgedreckt. "Et muss een d’Aarbecht vun de Pompjeeë respektéieren. Dat si Mënschen, déi selwer hiert Doheem verluer hunn an trotzdeem probéieren d’Doheem vun aneren ze retten." Dozou kéim och nach dat tragescht Schicksal vu Millioune vun Déieren.

Nieft dem Elton John ruffen ënner anerem de Shawn Mendes, d’Rita Ora an d’Dua Lipa dozou op ze spenden.