© HERBERT P. OCZERET / APA / AFP
Queen spillen zesumme mam Alice Cooper ee Beneficeconcert.
D’Bëschbränn an Australien fanne keen Enn, a bekannte Museker hu sech elo zesumme gedoen, fir Spenden ze sammelen.
9 Stonne laang wäerte Kënschtler ewéi d’Band Queen an de Rocker Alice Cooper zu Sidney e Concert spillen. Moderéiert gëtt dat Ganzt vun der australescher Komikerin Celeste Barber.
De Concert ass de 16. Februar. De gesamten Erléis fléisst a Stëftungen ewéi dat australescht Rout Kräiz, Déireschutz-Organisatiounen an un déi australesch Pompjeeën.