© YouTube Screenshot
Eng eege Mark hu vill Kënschtler. Den Akon setzt nach een drop: Hie baut gär seng eege Stad!
Wat komplett onrealistesch klengt, huet de Sänger tatsächlech op sengem Instagram-Account confirméiert: Den Akon wëll nach dëst Joerzéngt seng eege Stad am Senegal erriichten. 120 Kilometer südlech vun der Haaptstad Dakar soll "Akon City" komplett duerch Solar-Energie bedriwwe ginn an en eegene Flughafe kréien.
Inspiréiert huet ee sech dobäi u Wakanda, der fiktiver futuristescher Stad am Film "Black Panther". Mam "Akoin" gëtt souguer eng eege Kryptowärung an d’Welt gesat. De senegalesesche Sänger wëll mat dësem Projet d’Tourismus-Branche a senger Heemescht nees beliewen a gläichzäiteg eng Campagne fir d’Ëmwelt op d’Bee stellen.