© YouTube Screenshot
Eng franséisch Galerie hat eng Ausstellung ugekënnegt, bei där ee Blumme-Biller vum Britney Spears bestaune kann. D’Sängerin huet dat awer elo dementéiert.
Do hu sech déi zwee Direktere vun der Konschtgalerie "Sympa" gutt amuséiert: Nodeems d’Britney Spears e Video op Social Media gepost huet, op deem ee gesäit, wéi hat mat sengen zwee Jongen am Gaart Blummen op eng Leinwand moolt, gouf einfach mol eng ganz Blummen-Ausstellung vum Britney erfonnt.
D’Galerie hat dofir e Bild verëffentlecht, dat effektiv vum Britney war, ma schon 2017 fir 10.000$ verkaf gouf. Mëttlerweil huet och dem Britney säi Manager offiziell matgedeelt, dass esou eng Ausstellung net geplangt ass.