De Summerjam Festival huet an enger 2. Phas nei Kënschtler annoncéiert. Ënner anerem de Shaggy an de Sean Paul wäerten Ufank Juli zu Köln optrieden.

Och fir vill Lëtzebuerger gehéiert de Summerjam Festival zu deene beschten an entspaantste Festivaller op der Welt. De Weekend vum 3. bis de 5. Juli geet de Summerjam da bei héijen Temperaturen a gudder Stëmmung an déi nächst Ronn!

D'Organisateuren hunn haut dofir gesuergt, dass d'Virfreed ëmmer méi grouss gëtt: Souwuel de Shaggy wéi och de Sean Paul kommen op de Reggae-Festival! Donieft gouf och de Samy Deluxe ugekënnegt - nieft ville weideren Nimm!

An enger 1. Phas goufe jo schonn ënner anerem den Gentleman, de Patrice a Fettes Brot, souwéi d'Juju annoncéiert.

Tickete kritt dir

.