© AFP/ ABDELHAK SENNA
D’Rock & Roll Hall of Fame huet hier néi Zougäng vun 2020 bekannt ginn.
Déi ganz bekannten Hall of Fame vum Rock and Roll huet ënner anerem Depeche Mode, The Dobbie Brothers, Nine Inch Nails an T.Rex an hier Lëscht opgeholl. Mee och zwee jonk verstuerwe Kënschtler hunn et an dësem Joer gepackt
D’Whitney Houston ass am Alter vun 48 Joer gestuerwen. Lidder ewéi “I will always love you” hunn hat Welt berüümt gemaach. Mee och post-mortem begeeschter hat seng Fans nach mat Lidder ewéi “Higher Love”.
Och vill ze fréi verstuerwen ass de Rapper “The Notorious B.I.G”. Hien zielt als Matgrënner vum Rap an Amerika. Am Alter vun nëmme 24 Joer ass hien an engem Bandekrich em d’Liewe komm.
Elo 23 Joer no sengem Dout gouf och hien an d’Hall of Fame vum Rock & Roll opgeholl.