D’Sängerin Taylor Swift kritt en eegenen Documentaire op Netflix an a verschiddene Kinoen.

10 Grammys an 29 Music Awards huet d’Taylor Swift schonn ergattert. Seng Karriär ass séier a steil geklommen. Et kënnt also net iwwerraschend, dass seng Karriär elo verfilmt gouf.

Ënnert dem Numm “Miss Americana - Taylor Swift” verëffentlecht Netflix den 31. Januar een Documentaire iwwert d’Sängerin.

Den Documentaire geet virun allem op seng Roll als Songwriterin a Performerin an, mee och dorop dass hat mat senger Stëmm als Fra ëmmer méi beweege kann.