© Eldoradio
De Samu Haber vu Sunrise Avenue gouf ugeklot, well hien op enger Party Droge geholl huet.
Sunrise Avenue hu jo annoncéiert no hirer nächster Tour nach an dësem Joer opzehalen. Fir de Frontsänger vun der Band kënnt dann och nach e Prozess wéinst Drogemëssbrauch dobäi. De Samu Haber huet dat op Instagram selwer zouginn a senge Fans gebeicht, dass hien op enger Party am Summer 2019 eng kleng Dosis Droge consomméiert hätt, déi hien do gratis krut.
Gläichzäiteg gesäit hie säi Feeler an: "Drogen ze huelen ass eng Strofdot a falsch! Ech war domm an dofir gëtt et keng Excuse. Ech wäert aus dësem Virfall léieren" esou den 43-Järegen.
Wéi eng Drogen am Spill waren, huet de Finn net verroden. De Prozess geet am Verlaf vum Joer un. Mat wéi enger Strof ze rechnen ass, muss een ofwaarden. Fest steet: Finnland huet relativ streng Droge-Gesetzer.