D'Demi Lovato ass no senger Paus zeréck an däerf direkt déi amerikanesch Nationalhymn virum gréisste Sport-Event vun der Welt sangen.

No enger roueger Zäit an där D'Demi Lovato ënner anerem en Drogenentzuch hannert sech huet, kënnt hat elo mat voller Geschwindegkeet zeréck. Et gouf annoncéiert, dass déi amerikanesch Sängerin um Superbowl an Amerika sange wäert. D'Demi Lovato huet d''Éier déi amerikanesch Nationalhymn den 2. Februar am Hard Rock Stadium zu Miami virum Superbowl ze sangen.

Bekannt war jo schonn, dass d'Jennyfer Lopes a Shakira zesummen d'Halftimeshow sangen.

Genau eng Woch virdrun, de 26. Januar, wäert d'Demi Lovato och bei de Grammy Awards optrieden.