An der Serie ''Game of Thrones'' war de Museker ze gesinn an a ''Star Wars: The Rise Of Skywalker'' och.

Virun net all ze laanger Zäit ass de Film ''Star Wars: The Rise of Skywalker'' an de Kinoen ugelaf. Fir Fans vun der Filmfranchise war d'Virfreed grouss, ma och fir Fans vum Ed Sheeran, dee sollt nämlech eng Roll am Film kréien. Vill Leit wäerten nom Film enttäuscht gewiescht sinn, well se de Museker néierens gesinn hunn.

Disney huet awer elo offiziell bestätegt, dass den Ed Sheeran am Film dra war. Et huet just keen en erkannt, well de Sänger eng Mask un hat. ''Disney'' no, huet den Ed Sheeran en Aliememeber vun de Widderstandskämpfer gespillt.