Besser geet et net! Den éischten Album war e groussen Erfolleg, et sengt den Titelsong fir den neie James Bond a schafft un engem neien Album.

D'Billie Eilish, am Dezember 2001 gebuer, huet also momentan eréischt 18 Joer an ass aus der Musekswelt net méi ewech ze denken.

Lescht Joer huet d'Musekerin säin éischten Album ''When We All Fall Asleep, Where Do We Go?'' eraus bruecht.

Elo huet d'Sängerin bestätegt, dass et nach dëst Joer wäert ufänken un engem neien Album ze schaffen. Dat ass allerdéngs elo kee Grond scho vu Freed an d'Luucht ze sprangen. Bis den Album op de Marché kënnt, dat kann nach eng Zäitchen daueren.

Nodeems den éischten Album esou ee groussen Erfolleg war, verspiert d'Billie Eilish elo also och anstännegen Drock.