D'Fête de la Musique zu Diddeleng ass wéinst der Corna-Kris annuléiert.

Wéi d'Organisateuren op hirer Facebook-Säit matdeelen, hunn si d'Fête de la Musique zu Diddeleng wéinst der aktueller Corona-Kris annuléiert. De Festival hätt sollen den 20. Juni sinn. Déi bekannt kanadesch Grupp Crash Test Dummies war als Headliner geplangt.

Di nächst Editioun ass den 19. Juni 2021. D'Artisten déi 2020 sollten optrieden si bei der Editioun 2021 dobäi.