© RACHEL MURRAY / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP
Déi 62. Grammy Awards sinn an der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg. D'Lizzo ass am meeschten nominéiert.
D'Grammy Awards gëllen als wichtegsten US-amerikanesche Präis fir Leeschtungen a Wierker an der Musék. De 26. Januar ginn se fir déi 62. Kéier zu Los Angeles verginn.
Op en Neits moderéiert d'Sängerin Alicia Keys duerch d'Gala am Staples Center. D'Sängerin krut selwer scho 15 Grammys.
Am Ganze ginn et iwwer 200 Nominéierungen a 84 verschidde Kategorien.
Mat "Truth Hurts" an "Juice" läit d'Lizzo am Ganze mat 8 Nominéierunge vir. Dorënner fir den Album vum Joer, d'Lidd vum Joer a bescht nei Kënschtlerin.
Weider Top Favoritte sinn d'Billie Eilish an de Lil Nas X.