Op Vältesdag wäert een neien Album vum Justin Bieber erschéngen. Eng Single ass elo awer schonn ze fannen.

Kuerz no der Verëffentlechung vun der Single Yummy, mellt den Justin sech zeréck mat enger weiderer, neier Single. Den 28. Januar 2020 koum d’Lidd “Get me” op de Marché.

Zousätzlech huet de Sänger bekannt ginn, dass säi ganz neien Album “Changes” de 14ten Februar eraus wäert kommen.

Wéi de Wee bis bei de 5ten Album war, kann een an dem Justin Bieber senger selwer produzéierter Serie kucken. Ënnert dem Numm “Justin Bieber: Season” kommen 10 Episoden iwwert de Justin Bieber a säi Liewen eraus.